Home / Series / Capitani / Aired Order /

All Seasons

Season 1

  • S01E01 Oh Du, do uewen

    • October 1, 2019
    • RTL

    An engem Bësch am Éislek gëtt d'Läich vum Jenny Engel, engem 15 Joer ale Meedche aus dem Nopeschduerf fonnt. Den Inspekter Luc Capitani iwwerhëlt d'Enquête a gëtt gewuer, datt och d'Zwillingsschwëster Tanja verschwonnen ass…

  • S01E02 A sengem donkle Bëscherkranz

    • October 8, 2019
    • RTL

    De Suizid vum Stéifpapp mécht aus him en Haaptverdächtegen. De Luc Capitani an déi jonk Polizistin Elsa Ley enquêtéieren hirersäits iwwer méiglech Drogeproblemer am Jenny sengem Lycée…

  • S01E03 Aus der Kannerzäit, aus der Kannerzaït

    • October 15, 2019
    • RTL

    D'Polizistin Ley fënnt eraus, datt probéiert gouf, de Stéifpapp als Schëllegen duerzestellen. Den Inspekter Capitani ënnersicht nach eng Kéier d'Plaz wou d'Jenny fonnt gouf. Hie gleeft net, datt hatt vum Fiels gefall ass…

  • S01E04 Kee Schlof méi fir d'Aen, kee Friden méi fir d'Hierz

    • October 22, 2019
    • RTL

    D'Tanja Engel, dem Jenny seng Zwillingsschwëster, ass nees opgedaucht. Mä et bestinn Zweiwelen u senger Erklärung, wou et war. Iwwerdeems gëtt am Gemengerot de Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng bestëmmt...

  • S01E05 Déi Friem, déi mussen 't agestoen

    • October 29, 2019
    • RTL

    D'Enquête vum Capitani ergëtt datt d'Jenny dacks mat jonken Zaldoten zesumme war. Iwwerdeems gëtt den Direkter vum Lycée zou, datt si den Drogen net méi Meeschter gi sinn, an datt de Stéifpapp en Deel vum Problem war…

  • S01E06 Souwäit vu mir, sou waït!

    • November 5, 2019
    • RTL

    D'Zwillingsschwëster Tanja behëlt sech ëmmer méi komesch, evitéiert seng bescht Frëndin Léa a verléisst säi Frënd. Den Inspekter an d'Polizistin gi gewuer datt zwéi Sexualverbriecher an der Géigend liewen…

  • S01E07 AN ech weess vun Tréin a Leed

    • November 12, 2019
    • RTL

    Den Inspekter Capitani gouf mat engem Kichelchen drogéiert, fällt schwaach an erwächt am Bësch. Do entdeckt hien ee verstoppte Chalet, deen hien intrigéiert. Iwwerdeems fënnt d'Ley eraus, wiem dee Knapp gehéiert, deen et engem vermummte Verdächtegen op der Plaz vun der Dot erofgerappt hat an de Capitani kritt Besuch vun enger Inspektesch vun der Inspection générale de la police …

  • S01E08 A wéi schéin déi gëllen Dreem

    • November 19, 2019
    • RTL

    De Capitani an d'Ley versichen erauszefannen, wéi eng Roll de Chalet an deem Drogereseau spillt. D'Manon Boever, d'Bäckeschmeedchen, schéngt méi domat ze dinn hunn, wéi hatt wëll zouginn…

  • S01E09 Voll Vertraue wor mäin Hierz

    • November 26, 2019
    • RTL

    De Capitani huet ewell Gewëssheet, wat mam Tanja lass ass. E Bréif vum Stéifpapp daucht op, an deem hien de Grond ugëtt, firwat hie sech d'Liewe geholl huet. D'Ley fënnt hirersäits eraus, datt d'Manon an enkem Kontakt mat engem gewësse 'Petz' steet an am Zaldotecamp fänken d'Lompen un ze sténken …

  • S01E10 Ech wousst näischt vun Tréin a Schmierz

    • December 3, 2019
    • RTL

    Den Inspekter Capitani gëtt vu senger Vergaangenheet ageholl a gëtt selwer verhéiert. Mee d'Enquête leeft virun an d'Bäckeschmeedche Manon erzielt endlech wat wierklech owes am Chalet gelaf ass…

  • S01E11 An d'Broscht voll däischter Nuecht

    • December 10, 2019
    • RTL

    Am Chalet verstoppe sech déi jonk Zaldoten, déi gesicht ginn. D'Polizistin Elsa Ley probéiert eleng z'intervenéieren, bis d'Tanja op eemol opdaucht. Och de Mick Engel an de Steve Weis kommen derbäi; et kënnt zu enger Schéisserei…

  • S01E12 Et wor op engem schéinen klore Summerdag

    • December 17, 2019
    • RTL

    De Mick Engel an de Steve Weis erzielen ënnerschiddlech Versioune vun deem wat an der Nuecht am Bësch soll geschitt sinn. De Capitani versprécht dem Elsa d'Wouerecht erauszefannen…

Season 2

  • S02E01 An den Aen

    • February 22, 2022
    • RTL

    4 Joer no den Evenementer vu Manscheid, schafft de Luc Capitani als "Homme à tout faire" am Garer Quartier an der Stad. Hie gëtt vum Bianca, enger Prostituéierter, engagéiert, fir eng verschwonne Kolleegin erëmzefannen. D'Sich nom Andreea ass kuerz, de Capitani fënnt seng Läich an engem Bësch a muss elo de Mäerder fannen. Parallel dozou kënnt de Lucky Onu aus dem Nigeria zu Lëtzebuerg un, op der Sich no senger Schwëster.

  • S02E02 Dass do um Eck ee steet

    • February 22, 2022
    • RTL

    De Capitani gëtt vum Valentina Draga engagéiert, fir op hir "Meedercher" opzepassen. De Lucky fënnt seng Schwëster. Dat wëll awer näischt mat him ze doen hunn. D'Elsa Ley schafft als Polizistin am Quartier. Hatt observéiert a bekämpft den Drogentrafic. Tëscht him an dem Luc ass et net méi wéi fréier. An der Nuecht gëtt eng aner Prostituéiert ëmbruecht.

  • S02E03 Schléis de zou, oder leefs de fort

    • March 1, 2022
    • RTL

    De Capitani schafft a Wierklechkeet als Undercover-Polizist fir e gewëssent Pascale Cojocaru. Nëmmen dowéinst ass hien aus dem Prison fräi komm. De Luc an d'Elsa deelen Informatiounen iwwert d'Morden un den Prostituéierten. D'Bianca zielt dem Luc dass et an engem Cabaret an der Stat mannerjäreg Prostituéierter gëtt. De Lucky kënnt net méi u seng Schwëster.

  • S02E04 Bis deen Éischten op Dech zoukënnt

    • March 1, 2022
    • RTL

    De Gibbes Koenig an d'Valentina doen sech zesummen fir géint eng nigerianesch Drogemafia ze kämpfen. De Luc sollt e "Coup" organiséieren a brauch dofir dem Elsa seng Hëllef. D'Elsa hält de Luc fir e Gauner, a wëll net mat him schaffen. Dem Luc seng Relatioun mat senger Cheffin Cojocaru verschlechtert sech.

  • S02E05 Däi leschte Gedanken

    • March 8, 2022
    • RTL

    De Capitani hëlleft dem Lucky d'Läich vu senger Schwëster ze gesinn. Dofir seet de Lucky him wien hinnen d'Drogen liwwert déi si op der Gare verkafen. Den Toni traut dem Luc net, a wëll net dass d'Bianca ze vill Zäit mat him verbréngt. Trotzdeem fueren déi 2 Männer zesummen an d'Belsch fir en decken Drogendealer ze fannen.

  • S02E06 Wäer ech nëmme fortgelaf

    • March 8, 2022
    • RTL

    e Luc realiséiert dass seng al Léift, d'Carla Pereira, den Nigerianer d'Drogen liwwert. Hatt wëll dass hien hatt mat Rou léisst. D'Elsa an den Toni hu sech an der Nuecht kritt, a probéieren normal weider zesummen ze schaffen. De Luc sicht Hëllef bei senger Schwëster Jeanne, mee hirt Verhältnis ass net gutt zanter dem Dout vun hirem Papp. D'Pascale Cojocaru mierkt dass dem Luc seng Fräiloossung eppes verstoppt.

  • S02E07 Keng Zäit ze verléieren

    • March 15, 2022
    • RTL

    De Capitani organiséiert en Iwwerfall op en Drogentransport vun enger nigerianescher Mafia. D'Cojocaru versprécht him d'Fräiheet wann dat alles gutt geet, an den Arthur festgeholl ka ginn. D'Carla gëtt vum Luc gezwongen matzemaachen. De Lucky freet d'Bianca no Hëllef op der Sich nom Grace. D'Elsa mengt ëmmer méi dass de Luc undercover ass.

  • S02E08 Bis deen Éischten ëmkippt

    • March 15, 2022
    • RTL

    Den Arthur gouf ermort, an de Camion mat den Drogen ass verschwonnen. De Lucky gëtt vum Queen agespaart well hien eng Gefor fir si all ass. D’Valentina zwéngt de Gibbes sech aus dem Business zeréckzezéien. D'Pascale Cojocaru kann de Luc net fräi loossen, obwuel hatt him ëmmer méi vertraut. De Luc decidéiert elo ganz fir d'Valentina ze schaffen.

  • S02E09 Et ass spéit an der Nuecht

    • March 22, 2022
    • RTL

    D'Elsa an de Luc mengen dass d'Carla hannert dem Klau vum Camion stécht. Hatt probéiert dem Luc ze beweisen dass dat net esou ass, an verréit him den Dealer hier d'Stopp am Café "Grand Huit". De Luc informéiert d'Elsa doriwwer. D’Grace seet dem Bianca dass den Dominik probéiert hatt ëmzebréngen. D'Bianca verlaangt eng Erklärung vum Dominik.

  • S02E10 Du bass alleng

    • March 22, 2022
    • RTL

    D'Valentina huet dem Gibbes säi Geschäft iwwerholl, an ass dem Luc dankbar dass hien déi nigerianesch Dealer opfléie gelooss huet. D'Elsa mierkt dass nach ëmmer Drogen zirkuléieren. An d'Bianca freet sech wou déi vill Suen vu sengen Ex-Kolleeginnen hir kommen. De Lucky ass verletzt a sicht e Wee zeréck an d'Stat. De Luc an d'Elsa schwätze sech eng éischte Kéier aus.

  • S02E11 Dass Dir Däi Laachen elo endlech vergeet

    • March 29, 2022
    • RTL

    D'Cojocaru fënnt dem Luc seng Déngschtwaff zu Mënscht am Weier, a gëtt him se zeréck. De Luc muss sech froen wat hien domat mécht. D'Elsa an den Toni iwwerwaachen elo d'Prostituéiert op der Gare. Mee den Toni schéngt nach aner Pläng ze hunn. De Luc hëlt de Lucky bei sech op, an d'Bianca fënnt dem Grace seng Adress.

  • S02E12 Du muss wëssen, wat ass besser

    • March 29, 2022
    • RTL

    De Luc entdeckt dass den Dominik d'Drogen geklaut huet an elo iwwert d'Prostitution weiderverkeeft. D'Valentina déckt säi Bouf, a verlaangt dass de Luc weider op hirer Säit ass. De Lucky ass um Wee bei seng Schwëster. D'Bianca an de Luc wëllen wëssen wien hannert dem Lucky hir ass. Si stellen eng Fal an déi de Dominik an den Toni tappen.