Déi sanitär Kris ass leider nach net eriwwer, mä e bëssen (nei) Normalitéit kënnt awer erëm an eist Sozial- a Veräinsliewen. Dat weise mer och an eiser Emissioun vun Enn September: Déi traditionell Randonnée du Centre konnt och an dësem spezielle “Corona-Joer” gefuer ginn, wann och ënner anere Bedingungen. Et ware ganz vill Leit um Depart an d’Wieder huet mat gespillt. Am Nomëtteg an Owes war ganz vill Animatioun am Park vu Miersch mam Jonn Happi a mam Jugendensembel vun der Mierscher Musek. Och am Kulturhaus ass an der Tëschenzäit erëm Liewen op der Bün. De Claude Mangen a seng Equipe hunn den neie Programm virgestallt. Mir maachen de Resumé ënnert anerem mat Ausschnëtter vun deem, wat Iech erwaart. 175’000 € hat den Télévie Zenter Miersch mat sengem President Abby Toussaint 2019 un den Télévie iwwerreecht. Nodeems alles ofgerechent an den definitive Bilan gemeet gouf, waren awer nach Suen iwwreg an déi krut d’Diane Wunsch vun RTL viru kuerzem iwwerreecht. Merci alle Mierscher.